Double click to start editing the text
Léiff Nord-Statistinnen an Nord-Statisten
Nordstad Nee
Léif Matbiergerinnen a Matbierger
Hu Dier iech schonns gefrot wat Iech an ärer Gemeng net gutt ass sou dat Iech nëmmen eng gréisser Gemeng kennt hëllefen.
Ginn et Problemer déi är Gemeng net gereegelt kritt a woufir Dir eng eenzeg grouss Gemeng bräicht.
Sinn Politiker net an Parteie wou se gehollef kréien a wou een iwwert Problemer ka schwätzen a se léisen.Mengt Dir wann et nëmmen eng grouss Gemeng géif ginn, da géifen Problemer méi séier a besser geléist?
Eis Gemenge sinn dach sou zou geschnidden dat se fir hier Bierger do sinn an se och Virdeeler a Problemer fir Gemeng an hier Awunner gesinn.(Eng grouss Gemeng spuert kee Personal (Ech sinn zefridde mat dem Personal a menger Gemeng,Hëllefs bereet a frëndlech,do wann een se brauch)
Eng eenzeg grouss Gemeng brauch och aner Gebaier fir ze residéieren)
Kennt dir vum Fernsee déi Sendunge wou se Iech Këssen,Massage Apparaten, Botzgeschier verkafen.(Mediaschrott usw …)
Déi schaffen no 3 Punkten.
1. Sie erschafen e Problem
2. Sie erklären de Problem a bidden eng émolech,Wonner- Léisung un.
3. Sie verkafen Iech déi Léisung fir e super Preis.
Hu dir déi Saach da kaaft an ausprobéiert,mierkt dir da séier, dat dier dee Problem sou net hutt,dat dat wat dir kaaft huet rabellesch ass an net ze gebrauchen ass, dir leet et dann op Säit a reecht iech op dat dir sou licht gleeweg waart a Suen aus der Fënster geworf huet.
Bei der Nordstad ass et selwecht
1. Se erschaffen e Problem ( Geld feelt,et ass Alles schlecht)
2. Sie erklären de Problem ( Infrastruktur,Wunnen,Schoulen,Geschäfter,Veräiner usw…)
3. Sie verkafen iech Léisung (Nordstad)
An der Nordstad soll da Wunne besser ginn.(et komme méi Leit, an dofir gëtt et méi deier an et ginn awer net genuch Wunnengen)
Infrastruktur fir méi Leit gëtt méi deier a wien baut se.
Schoule bestinn net nëmmen aus Gebaier, dir Braucht och Personal.
Geschäfter sti lo schonns eidel,ausser Iessen a Gedrénks,(Leit kafen am Internet)
Bei de Veräiner an de Benevolle kritt dir net méi Leit well et kee Problem vun der Quantitéit ass.Eis Gesellschaft ass vu Gemeinschaft op individuellen Egoismus gewiesselt an do leit de Problem.
99% vun de Leit déi elo an deene 5 Gemenge wunne wäerten net vill vun der Nordstad profitéieren, awer wéi Iwwerall gëtt et den 1% dee Gewënn mécht,an dat sidd net Dir an net ech.
Et ass schlëmm dat se elo schonns mam Fanger op Gemengen hi weisen dat déi Schold wären, ass et dann net esou dat wann déi Iddi vun der Nordstad sou gutt wier,se sech schonns laang duerchgesat hätt.
Déi Suen déi Nordstad da soll méi kréien,wou mengt dir da wou déi hi ginn.Et war nach ëmmer sou wa Suen do waren huet een se ausginn an duerno huet een sech gewonnert wou se bliwwen sinn.(bestëmmt net bei de Gemenge vun der Säitelinn)
Dofir Fanger ewech vun der Nordstad och wann se Eeseitig vun de Medie gepuscht gëtt,an Argumenter dogéint net gesicht an net zou gelooss ginn.
Vertraut ären Gemenge wéi se sinn,am Klenge versteet ee Problemer besser a kann se léisen.
Et verbidd kee matt eneen ze schaffe wann et noutwenneg ass.
Dat beschte Beispill dat kléng besser ass,ass eist Land.
Wou mengt Dir dat mir dru wäre wa mir sou grouss wäre wéi Däitschland,Frankräich,Italien,Spuenien usw…
Ass et net stäerkt vu Lëtzebuerg dat mir schonns an déi aner Richtung fueren,wann di Grouss Länner nach laang an déi falsch Richtung fueren.
Ass et net e Virdeel dat een Nische ka besetzen déi di Aner net Interesséieren.
Ass et net gutt datt een am Land Iddien ausprobéiert wou déi grouss Länner sech schwéier domat doen.
Se sinn sech net emol sécher dat Nordstad duerno Nordstad heescht.
Zum Schluss gi Leit an engem Referendum em hier Meenung gefrot, awer deen ass net bindend (Gemengen an de Staat entscheeden dann op Jo oder Nee)
Loosst Iech dat Alles duerch de Kapp goen a begrueft Nordstad.
Mbg. Nordstad Nee
Nordstad heescht guer net Nordstad,
wat mussen do vill Saachen ëmbenannt ginn!!!!!
Referendum
Ob eine Fusion stattfinden soll oder
nicht, werden schließlich die Bürger*innen
in einem Referendum, also einerJa/Nein-
Abstimmung, befragt.
Also Bierger kennen soe Jo oder Nee
Die Gemeinderäte
und das Parlament werden daraufhin
über eine Gemeindefusion entscheiden
Also, Bierger därfen entscheeden ob se eng Fusioun wellen,awer "Gemeinderäte" an "Parlament" entscheeden et dann awer.
Komische Referendum wou keen sech drun hällt
Nordstad-Fusion: Bettendorf bleibt bei seinem Nein
Et kënnen Gemengen och matt enee schaffen,Saachen deelen, gemeinsam Projete maachen, wéi wann ee gepacst ass,et muss net direkt Alles si, fir duerno schwéier gescheet ze ginn, obwuel bei Nordstad gëtt et keng Méiglechkeet sech scheeden ze loossen, bis dass der Tod uns scheidet.
Léon Gloden: Rückzug von Bettendorf aus der Nordstad-Fusion ist aufgehoben
Et gëtt esou laang ofgestëmmt bis dat Resultat richteg ass.Et wäert dach net eng kleng Gemeng mir de Projet Nordstad futti maachen (Demokratie,Ha Ha )
Et gëtt esou laang ofgestëmmt bis dat Resultat richteg ass.Et wäert dach net eng kleng Gemeng mir de Projet Nordstad futti maachen (Demokratie,Ha Ha )
Sauer Tragedie
Net méi spéit wéi Haut huet eise Reporter, Ka Netdofir, eis vun der Tragedie op dem Waasser bericht.
Bei voller Faart wär Nordstad-Titanic op e Bierg vu Problemer um Waasser opgelaf a wär do Ënnergang. Op der Bréck vum Schëff hätt de Kapitän ,Näischt Héieren,den 1 Leutnant ,Näischt Gesinn, an den 2 Leutnant ,Näischt Schwätzen, nach kënnen 1 SOS ofsetzen am leschte Moment.
Déi Secouristen déi Sech du séier dohi gemaach hunn,hunn erkläert et wär schrecklech gewiest fir dat mat unzekucken.Wéi Schëff mat Pauken an Trompetten ënner gaange wär, wäre Mme. Schieren mat hirem Mann H. Ettelbréck an des weidere Mme. Erpeldange mat hirem Mann H.Dikrich an de Fluten ëmkomm.
An nëmmen no laanger Sich hätten se op engem Rettungsboot
Mme. Bettenduerf nach rette kënnen.Am Schlemsten wär et gewiest ze héieren dat Musik nach bis zum Schluss gespillt huet.
No dëser Tragedie huet eise Reporter ,Ka Netdofir, mat dem Minister vun de Schëffer, den H. Sot Etschongsemmer geschwat, deen du gemengt huet, dat e schonns viru Joren zu de Betraffenen gesot hätt dat et net esou géing goe wéi si et mengen.
Souwäit hie wéisst wären ëmmer nëmmen 2 Leit zesumme komm, an do wäre schonns onléisbar Problemer gewies, dofir hätt hie gemengt,hei géifen se mat ze vill groussen Aen dat gesinn.
Och mat Pabeier (Euro) kréisch een déi déif Grief net zou.
Do wären der 2, déi am Schwéiergewiicht kämpfen, déi sech mat 3 aus dem Pabeiergewicht ausernee setzen, dat wär onfair.
A la longue kéimen déi vill Leit déi am Ennerdeck setze mat ënnert Rieder.
Mir hunn och mat dem Psychiater H. Deet Datwéi iwwert seng Meenung geschwat dee gemengt huet dat,daat sou en déiwen Agrëff wär, dat déi Leit aus dem Ennerdeck sech dovun net méi erhuele géifen,do wäre Generatiounen dovu betraff.Des Weideren huet hie gemengt
en „Schäin-Referendum“ géif déi Leit och net méi Lieweg maachen, woubäi een sech Fro soll stellen; wie wëllt sech en Denkmal setzen,
„Wer wird König auf der Garre“
Äre Reporter
Ka Netdofir