Nordstad

NEE

Iwwerleeungen zur Politik

Kapitalismus an Demokratie



Wann een sech an Amerika e President fir 250 Milliounen ( 0,75 Dollar op de Kapp) ka (kafe) fannen, wéi een et bei den Accessoiren sou schéi seet e "Musk have" ,an duerno vill méi räich ass wéi virdrunner, stellt sech fro wat een hei a Lëtzebuerg ( 75 Cent x 669.000 Awunner ass 501.750€ ) oder an Europa ( 556’500’000€ ) dofir muss ausgi fir och sou geséint ze ginn.Lo gesäit een ëffentlech wat schonns ëmmer mat Lobbyismus gemaach ginn ass.Solle mir net e Club grënnen wou mir,wa mir Chance hunn 100.000 Lëtzebuerger zesumme kréien, déi da mat 1000€ Einlagen 100 Milliounen zu Verfügung hätte fir hir Interessen och emol dursch ze setzen ( same level playing field ) sou wéi Banken,Assurancen,grouss Firmen dat schonns ëmmer maachen, fir dat hir Politik gemaach gëtt. Aplaz nëmmen Aktien oder e Spuerbuch, kënnt ee jo och Politik (kafen) ënnerstëtzen, da géif ee vill méi Geld verdéngen domat.

Kapitalismus ass e Schnéiball System,wou de Leit Hoffnung a Vertrauen an hir Zukunft verkaf gëtt ( also waarm Loft ).


Wann da kee méi dat gleeft, brécht de Sytem zesummen.Déi Räich si méi Räich, an déi Aarm verléieren alles wat se haten, an déi Räich huelen sech dat och nach.Et gëtt sou laang Alles vun Ënnen no Uewen verdeelt bis Ënnen näischt méi do ass.Da maache mer e Krich a fänke vu Fir un.Di Räicht Uewen an déi Aarm, deenen hir Kanner am Krich gestuerwe sinn Ennen.


Demokratie Parteien sin Eppes wéi Waasser.Et gëtt ëss mat méi oder manner Kallek, mat Méi oder manner Eisen,et gëtt opgestanent Waasser an destilléiert Waasser.

Wann een zum Schluss kuckt ass Alles nëmmen Waasser.

Wou gi mir hin wann alles gläicht bleift a keen eppes ännere kann,well, well alles zesummen hänkt,awer esou deet wéi wann Vereännerung machbar wär.( Geld regéiert di Welt )


Wou sinn déi Éierlech déi wierklech eppes ännere wëllen,déi Demokratie an  de Kapitalismus heelen,och wann et si eppes kascht,et ass schwéier e Gedanke vun Demokratie ze verkafen an der Welt, wann ee gesäit wéi e Momentan behandelt gëtt.

Déi bescht Leit ginn net an Politik déi ginn an Wirtschaft, do hunn se hir rou an et mécht keen hinnen e Faass, se verdénge vill méi Geld.


Dofir wär et wichteg dat Politik mat eis géif zesumme schaffen,net nëmmen bei Walen,Aplaz „mir schaffen dat“ wär et gutt wann net nëmmen 60 Käpp iwwerleeën, ma mir All.



Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com