Nu soll de Plang fir d’Nordstad
op den Dësch kommen am November 2025 ass héisch an helleg versprach ginn, datt
de Plang fir d’Nordstad op den Dësch géif kommen. Gläichzäiteg héiert een awer
vun anerer Säit, et géif nach net emol e richtegt Konzept ginn. Elo si mir am
Joer 2026 ukomm, an et ass nach ëmmer kee Plang virgestallt ginn – net emol eng
kloer Richtung.
Dobäi steet de Referendum an e puer Méint un, a mir,
d’Bevëlkerung, wëssen nach ëmmer bal näischt. Et war Rieds vun enger
gemeinsamer Strategie, vun intensiven Aarbechtsgruppen an dovun, datt
d’Initiateure vun der Nordstad der Bevëlkerung wollte weisen, wat d’Nordstad
konkret bedeite géif a wéi eng Virdeeler dat fir d’Zukunft hätt.
Déi véier Buergermeeschter vun der sougenannter „Nordstad“
wollten eigentlech mat konkrete Pläng an Aktioune bei d’Leit goen. Bis elo ass
dovun awer näischt ze gesinn oder ze spieren.
Et entsteet den Androck, et wier hinnen mëttlerweil egal,
wat d’Leit soen – Haaptsaach, 2027 gëtt fir d’Nordstad gestëmmt. Wann d’Meenung
vun der Bevëlkerung elo schonn als onwichteg ugesi gëtt, wéi wäert et dann
eréischt no enger Fusioun ausgesinn?
Sollt de Plang fir d’Nordstad eréischt nom Referendum op den Dësch kommen, da stellt sech eng ganz Rei vu berechtegte Froen. Wann een
déi kuerz Zäit bis 2027 elo notze wëllt, fir e seriéise Fusiounsprojet
auszeschaffen, wat ass dann an all deene Jore virdru geschitt, wou genuch Zäit
gewiescht wier, fir dat a Rou a mat Transparenz ze diskutéieren?
An elo, op de leschte Meter, alles nach de Leit erkläre ze
wëllen, wat iwwer Jore laang net ausgeschafft oder net vermëttelt ginn ass –
och well et kee beléift Thema war – dat wäert schwéier, wann net onméiglech
ginn.
Eng Decisioun vun där Bedeitung verdéngt Kloerheet,
Transparenz an Éierlechkeet –
virum Referendum, net dono.