de Referendum ass an
Wéi den Här Finanzminister den 22. Januar 2026 an der Chamber, bei enger Diskussioun iwwert Europa, gesot huet:
„Firwat soll Zentralismus besser sinn ewéi Terrainsproximitéit?“
Genee déi Fro stellt sech och am Kontext vun der Nordstad. Firwat soll dat do anescht sinn?
Getrennte Gemenge si méi no bei de Bierger, méi flexibel an dacks méi effizient ewéi eng grouss, zentraliséiert Struktur.
Amplaz alles zesummen ze geheien, soll ee léiwer op staark, selbstänneg Gemengen setzen, déi fräiwëlleg zesummeschaffen an op gemeinsam Ziler hinarbechten.
Sou funktionéiert Terrainsproximitéit – an esou geet et am Endeffekt och besser.
Vereinfacht Strukturen
Méi grouss administrativ Eenheet
Méiglech finanziell Synergien
Verloscht vu lokaler Selbstbestëmmung
Demokratesch Distanz tëscht Bierger a Politik
Onsécher wirtschaftlech Effekter
Schwéier réckgängeg ze maachen Entscheedung
Eng Fusioun ass eng irreversibel Entscheedung. Virdeeler si méiglech, mee net garantéiert – Nodeeler dogéint real an dauerhaft.
Hei fannt Dir:
nei Entwécklungen zur Nordstad‑Diskussioun
Stellungnamen
Informatiounen zu Eventer an Diskussiounsronnen